Public history

“Volleksgeschicht” zu Lëtzebuerg: sënnvoll Verbindunge mat Leit maachen

10 Januar 2024

“Volleksgeschicht” zu Lëtzebuerg: sënnvoll Verbindunge mat Leit maachen
Dëse Virtrag gëtt gehalen am Kader vun der Serie "20 years of ideas!" vun der Uni Lëtzebuerg.

Déi räich sozial, kulturell an industriell Vergaangenheet vun Esch-Uelzecht ass an der Erënnerung vun den Awunner ganz lieweg. D’Joëlla van Donkersgoed an d’Laura Steil, Fuerscher am C²DH, hunn zesumme mat de Leit vun Esch historesch Fuerschung gemaach fir eng “Volleksgeschicht” ze kreéieren. Bei dëser Presentatioun fokuseieren si seich op dräi Projeten – Escher Kaffi, HistorEsch an Dancing Esch – a beliichten wéi si hir Recherche gemaach hunn. Si konzentreieren sech virun allem op d’Wichtigkeet vun der Forschungsethik, weisen op wéi Bezéiungen mat den Individuen an den Gemeinschaften am Zentrum vun Projeten stinn an gin dorop an daat Relatiounen duerch Vertrauen opgebaut gin. Am Kontext vu Lëtzebuerg, wou d’Intimitéit an d’Verbindung an de lokale Communautéiten besonnesch héich sinn, spillen Rapport a Géigesäitegkeet eng wesentlech Roll an der Fuerschungszesummenaarbecht.

 

Programm

18.00 – Virtrag
18.45 – Froën an Äntwerten
19.00 – Networking cocktail

De Virtrag as op Däitsch a Lëtzebuergesch.

 

Mëttwoch, den 10. Januar 2024

vun 18.00 bis 19.00 Auer

Black Box, Maison des Sciences Humaines, Belval Campus (11, Porte des Sciences, L-4366 Esch-sur-Alzette)

Mellt Ierch w.e.g. gratis un.

 

Legal notice