Schueberfouer an den 1960er Joren

© Antoine Davito 1969, Photothèque de la Ville de Luxembourg

Ëffentlechen Workshop am Lëtzebuerg City Museum.

No dem 2. Weltkrich huet sech d’Schueberfouer ëmmer méi zu engem grousse populäre Fest entwéckelt. Et gouf verschidde Schaubude mat Zauberkënschtler, Boxkämpfer, ëmmer méi schnellen Attraktiounen, e Goldfësch ze gewannen a Fritten am Pabeiercornet. An dësem Workshop wëlle mir mat Hëllef vu Fotoen illustréiere wéi et an den 1960er Joren op der Schueberfouer war. Wéi eng Attraktiounen a Schaubude gouf et? Wat waren d‘Geräischer an d’Gerécher? Wat huet ee giess? Zesumme wëlle mer eis dorun erënneren an d’Ënnerscheeder zu haut diskutéieren. D’Participante kënnen och hir Erënnerungen zum Schluss ophuelen. Dëse Workshop gëtt organiséiert am Kader vun enger Dokteraarbecht iwwer d’Schueberfouer um C²DH op der Universitéit Lëtzebuerg.

Gesicht gëtt virun allem no Läit déi an den 1960er Joer d’Schueberfouer besicht hunn an hier Erënnerung wëllen deelen.

 

Donneschdes, 8. Juni 2023 ëm 18.00 Auer

Salle pédagogique vum Lëtzebuerg City Museum
14, rue du Saint-Esprit
L-1475 Luxembourg

Gratis Aschreiwung iwwer Telefon +352 4796 4500 oder E-mail visites@2musees.vdl.lu