Public history

Lëtzebuerger Mickimausen aus den 70er an 80er Joren

22 Januar 2024

Lëtzebuerger Mickimausen aus den 70er an 80er Joren
Table ronde mat verschidden Acteuren aus där Epoch.

An den 1970er an 1980er Joren gouf zu Lëtzebuerg eng Zeen vun onofhängege Bande-Dessinéeën, ronderëm Fansinnen, BD-Butteker, Artikelen a Strips an aus Zeitungen sou wéi Zäitschrëften asw. gebuer. Vun de Changementer an den Nopeschlänner inspiréiert, hate verschidde Männer - d’Frae waren, wéi et schéngt, absent - probéiert eng Bande Dessinée niewt de Mickymausen ze erschafen. Den Owend kréie verschidden Acteuren aus där Epoch d’Wuert.

Invitéën:

  • Dan ALTMANN (Zeechner)
  • Charel BAUER (BD-Sammler)
  • Lucien CZUGA (Szenarist)
  • Claude GENGLER (Zeechner)

 

Méindes, den 22. Januar 2024 em 19 Auer am Lycée Michel Rodange Luxembourg.

Den Entrée as fräi.