Luxemburgische Zeitgeschichte

D’Lëtzebuerger an de franséische Konzentratiounslager am Éischte Weltkrich

17 Juni 2018

D’Lëtzebuerger an de franséische Konzentratiounslager am Éischte Weltkrich

D’Konzentratiounslager vun Aurec

© Archives du CDMH, Fonds Première Guerre mondiale, cartes postales, sans date, Lévy et Fils, Paris

Konferenz mam Jim Carelli am Kader vun den "Rendez-vous du dimanche".

Wann hautzedaags rieds geet vu Konzentratiounslager, dann denken déi meescht Leit un déi aus dem Zweete Weltkrich. Historesch Etüde weisen allerdéngs drop hin, datt deen Ausdrock scho laang virdru gebraucht gouf. „Concentration Camp“, war den englesche Begrëff fir d’Internéierungscampen aus dem zweete Burekrich em 1900 ze bezeechnen. An de Joren 1914 bis 1920 koum et dunn zu engem éischte Héichpunkt. D’Internéierungspolitik vun den krichsféierenden Natiounen huet dozou gefouert, datt iwwerall an Europa Lageren entstane sinn, déi den Numm „Konzentratiounslager“ gedroen hunn, och wann se natierlech net mat de Vernichtungslager aus der Nazizäit ze vergläiche sinn.

Obschonn deemools méi ewéi 400 Lëtzebuerger an deenen franséischen „Camps de concentration“ internéiert waren, huet bis ewell nach keen hei zu Lëtzebuerg des Thematik opgegraff. An dëser Konferenz beschäftegt sech de Jim Carelli mam Schicksal vun deenen Lëtzebuerger déi tëschent 1914 an 1920 mat der franséischer Internéierungspolitik a Konflikt gerode sinn. Hie geet op déi verschidde Grënn an, déi zu den Internementer gefouert hunn, op d’Liewen an de Lageren an op d’Reaktioun vun der Lëtzebuerger Regierung.

D’Recherchen iwwert dës Thematik stoungen am Mëttelpunkt vum Jim Carelli senger Masteraarbecht, déi 2017 ënnert dem Titel « Les internés civils de la Première Guerre mondiale. Le cas des Luxembourgeois en France » op der Uni Lëtzebuerg verdeedegt gouf.

D'Konferenz gët organiséiert am Kader vun der Ausstellung “Être d’ailleurs en temps de guerre (14-18): Etrangers à Dudelange, Dudelangeois à l’étranger”.

 

Sonndes, den 17. Juni um 15 Auer

Centre de Documentation sur les Migrations Humaines
Gare-Usines, L-3481 Dudelange

Den Entrée as fräi.