Contemporary history of Luxembourg

“Etre d’ailleurs en temps de guerre” - ZäithistorikerIn Chronik um Radio 100,7

“Etre d’ailleurs en temps de guerre” - ZäithistorikerIn Chronik um Radio 100,7

© Collection ANLux

Wéi ëmmer wann een sech d’Méi mecht, amplaz dat ofzeschreiwen wat zënter Generatiounen vun engem Geschichtsbuch an dat nächst kopéiert gëtt, sech mat de primären Archivquellen auserneenzesetzen, entdeckt een komplex an oft vergiessen historesch Realitéiten. Dat weist eng Ausstellung iwwer Diddeleng am Eischte Weltkrich. Dozou eng Chronik vum oder besser gesot vun zwee Zäithistoriker.

D’Zäithistoriker-Chronik vun haut, dat sief direkt gesot, gouf vun zwee Leit geschriwwen. An zwar vu menger Historikerkollegin Antoinette Reuter a vu mär. Si präsentéiert e puer Resultater vu Recherchen, déi mer zesummen mat Aneren zënter méi wéi engem Joer féieren. Resultater, déi ab nächster Woch a bis Dezember an enger Ausstellung zu Diddeleng an der Gare-usine ze gesi sinn. Si ass vum Centre de documentation sur les migrations humaines vun Diddeleng a vum Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C²DH) vun der Uni Lëtzebuerg organiséiert ginn. « Être d’ailleurs en temps de guerre (14-18) : Etrangers à Dudelange / Dudelangeois à l’étranger » heescht se. Mär sinn der Fro nogaangen welchen Impakt den éischte Weltkrich op d’Bevölkerung an d’Bevölkerungsbewegungen also d’Migratiounen virun 100 Joër um lokale Plang hat.

Den Impakt vum Krich op eng Stad vu Migranten. Well 1914 woaren aacht vun zeng Awunner vun där Lëtzebuerger Industriestad net vun Diddeleng. Si koumen z. B. aus anere Géigenden vu Lëtzebuerg, meeschtens vum Land, an de Minett. Awer och aus de Grenzgéigenden, aus der Äifel, dem Hunsrück, der Saar, aus dem Louthrengeschen, dat jo zënter 1871 och gréisstendeels däitsch war an aus der belscher Province du Luxembourg. Oder vu méi wäit, aus der Ruhr, aus Italien, aus Eisterräich-Ungarn.

An eise Recherchen hu mer festgestallt wéi de Krich hiert Liewen verännert huet. Hei e puer Beispiller :

D’Lëtzebuergerin Susanne Walentiny ass gebuer zu Diddeleng den 20. Mäerz 1886. De 4. August 1914, juste wou den Eischte Weltkrich ugeht, bestit se den italienesche Schmelzaarbechter a Musiker Mario Daolio, deen de 17. Juli 1885 zu Guastalla (an der Provënz Reggio Emilia) op d’Welt koum, a mat deem se dee Moment schon dräi Kanner hat. Si wunnen am Quartier Italien. Wou Italien 1915 op der Säit vun de Fransousen an den Englänner an de Krich zitt, engagéiert sech den Daolio an der Arméi vu sengem Hémechtsland. Op sech eleng gestallt, mat 4 Kanner am Alter tëscht e puer Méint a 7 Joer, an engem Land wou Liewensmëttel rar ginn, geht d’Suzanne op d’Diddelenger Schmelz schaffen. Si ass eng vun 149 Fraen, déi 1916 am Roulage vum Héichuewebetrieb ufänken, Fraen vu verschiddenen Nationalitéiten: lëtzebuergesch, italienesch, däitsch, fransésich, belsch, éisträichesch.

Souwéi dat 17 Joer aalt däitscht Meedchen Marguerite Schneider, gebuer 1899 zu Eiserfeld, enger Industriestad bei Siegen am preisesche Westfalen, vu wou aus säi Papp op d’Diddelenger Schmelz schaffe koum. Well et esou kleng a schmächteg war, gouf et “Kiewerlek” vun sengen Aarbechtskollegen am Roulage genannt.

Op där Schmelz huet och den Italiener Egidio Reggi geschafft, gebuer 1895 zu Diddeleng, vun Elteren déi schon 1884 op Diddeleng gezu sinn. De Reggi ass ee vun 54 Aarbechter déi nom Streik 1917 vum Emile Mayrisch senger Schmelz entlooss ginn. De Reggi hat mat senge lëtzebuergesche Komeroden gestreikt, obwuel den däitschen Oberbefehlshaber zu Lëtzebuerg, den Tessmar, Oarbechter vu sougenannten feindlechen Natiounen wéi Belsch, Fransousen, Russen oder eben Italiener mat Krichsgefaangeschaft am Fall vun der Bedeelegung um Streik gedrot hat.

Dass dem Tessmar seng Landsturmsoldaten, déi sech zwar gäre fotograféire gelooss hunn, wann se friddlech Schlitt gefuer sinn um Kräizbierg, nët gefoart hunn hoart duerchzegräifen an sech dobäi rose wéineg ëm de Respekt vun der Lëtzebuerger Neutralitéit këmmeren, krut de belschen Aarbechter Joseph Fox, gebuer 1898 zu Maarteleng, leider ze spieren. Schonns als 14-Jähregen hat hien als Kniecht am Lëtzebuerger Süden geschafft. Enn 1916 gëtt de Joseph Fox, wéi iwwer 200.000 aner Belsch, vun der däitscher Arméi als Zwangsaarbechter verschleeft. Et geléngt him awer vu Montmédy, wou en un der Festung huet misse schaffen, ze flüchten an zu Diddeleng ënnerzetauchen. Bis en den 9. Juli 1918 an der Niddeschgaass beim Ökonomat a bei der Kierch, matzen am Zentrum, vun engem Landsturmsoldat interpelléiert a beim Versuch fortzelafen erschoss gëtt.

D’Susanne Habig ass den 9. Abrëll 1896 zu Diddeleng gebuer als Duechter vum Charel Habig an dem Elise Stoffel. Als klengt Kand wandert et mat sengen Elteren op Paräis aus, wou et als Plumassière schafft, also Fiederschmock fir de Paräisser Moudesecteur hierstellt. Mee eng Condamnatioun wéinst Vol vu 16 Francs aus dem Joer 1911, am Alter vu 15 Joer, gëtt him zum Schluss vum Krich zum Verhängnis. Wéi iwwer 400 aner Lëtzebuerger – dat wësse mer haut dank enger Masterthes op der Uni Lëtzebuerg vum Jim Carelli - gëtt d’Susanne Habig an engem franzéische Konzentratiounslager, zu La Ferté-Macé an der Normandie, internéiert.

A gläich zwee franséisch Lager agespoart gëtt en aneren Diddelenger am Krich. De François Joseph Klomann gouf den 31. Juli 1888 zu Diddeleng als Kand vun däitschen Elteren gebuer. No enger Léier als Bäcker engagéiert en sech 1909, mat 21 Joer, an déi däitsch Arméi, an d’”Metzer Infanterie-Regiment”. Mee schonns 1910 desertéiert en an enrôléiert sech dono an der franzéischer Friemelegioun, déi en an Algerien a Marokko affektéiert. No den obligatoresche 5 Joer kënnt e mat engem Kolleg zeréck a Frankräich, op Marseille, wou se versichen Aarbecht ze fannen. Mee, well se schlecht franzéisch schwätzen, ginn se fir däitsch Deserteure gehalen a schlussendlech wéinst “Vagabondage” verhaft an internéiert. Am Dezember 1916 mécht de Klomann aus dem Lager eraus eng Demande fir nees an d’Friemlegioun. Hie gëtt sech mëttlerweil als Lëtzebuerger aus. Vu dass en am « Livre d’or des légionnaires luxembourgeois 14-18 » figuréiert ass en offensichtlech och domadder duerchkomm an huet als Däitsche vun Diddeleng an de Reien vun den Alliéierte gekämpft.

An der Ausstellung ass et eis drëm gaangen un dësem lokale Beispill ze illustréieren wéi Kricher Bevölkerungen engersäits aus hirer Liewens- an Aarbechtswelt erausrappen an hinnen anengems schwéier maachen oder verbidde sech fräi ze bewegen, andeems Grenzen zougemaach a Kontroll a Repressioun verschäerft ginn. Lëtzebuerger ginn a Frankräich verhaft. Däitsch Besatzer maachen, entgéint dem Völkerrecht, zu Lëtzebuerg Juegd op belsch, franzéisch, russesch Krichsgefaangener déi op der Flucht sinn. D’Lëtzebuerger Autoritéiten verschäerfen d’Pass- an d’Umeldebestëmmungen.

Mär hu gekuckt wéi de Krich lokal Gemeinschaften op d’Kopp geheit a redefinéiert. Ufank August 1914, wéi de Krich ausbrécht, lafen vill Italiener, well d’Schmelzen zoumaachen an se fäerten wéinst de Militäroperatiounen net méi an hirt Hemechtsland zeréckzekommen, fort. Dat féiert am Summer 1914, och an de Lëtzebuerger Garen, zu dramateschen Szenen ronderëm déi sougenannten « Italienerzüge ». Nofuerschungen an den Umelderegister vun der Gemeng Diddeleng hu gewisen, dass d’Italiener ersat ginn duerch Lëtzebuerger Famillen déi zënter Joren an heiansdo Joerzéngten an der Lorraine, ob franzéisch oder däitsch, an der Champagne oder zu Paräis gelieft hunn an déi, zum Deel wéinst ähnlechen Ängschten, an hirt Hémechtsland zeréckkommen. Nom Waffestëllstand vun November 1918 sinn et net Diddelenger Famillen mee eng ganz Rei jonk Fraen, déi sech an d’“boys » aus den USA verléiwen, déi sech mat der 5th Field Artillery Brigade während 9 Méint zu Lëtzebuerg installéieren. Souwéi d’Célestine Kugeler dat sech de 4. Juli 1919, um Independence Day, mam Private Alfred Anderson bestit, dee selwer aus Europa staamt vu dass en zu Trondheim an Norwegen op d’Welt koum.

Wéi am allgemengen an eise Recherchen zur Migratiounsgeschicht hu mer nees misse feststellen, wéi wichteg et ass Mënschen net a fix national Kategorien wéi Lëtzebuerger oder Italiener oder Däitscher anzespären an dës Identitéiten esou kënschtlech festzeschreiwen. D’Realitéit ass vill méi komplex, sief dat duerch déi vill Bestietnisser, och schonns virun honnert Joer, tëscht Fraen a Männer mat verschiddenen Nationalitéiten, sief dat dass Jonker administrativ d’Identitéit vum Hémechtsland zougeschriwwe kréien, obwuel se scho méi duerch d’Identitéit vum Awanderungsland geprägt sinn. Genee dat versicht den Diddelenger Buergermeeschter den däitschen Autoritéiten virun 100 Joër ze erklären, wann se en Diddelenger Jong wëllen aspären, dee vu Klengem un do gewunnt huet, sech als Lëtzebuerger ugesäit, mee awer däitsch an sengem Pass stoen huet, an dee refuséiert an d’däitsch Arméi agezunn ze ginn.

An der Krichsfal sétzen a virun der Fro stoen: Fortgoen oder bleiwen? Sech militäresch fir säin Ursprongsland oder awer fir seng nei Hémecht engagéieren? Liewen, iwwerliewen oder stierwen an engem besate Gebitt? Ween sech fir dës Froen a fir den Impakt vun der Grande Guerre op dat klengt Diddeleng a seng heterogen Bevölkerung interesséiert, ass häerzlech invitéiert, sech dës Ausstellung unzekucken, déi dank Dokumenter an Objeten vun der Diddelenger Gemeng, dem Nationalarchiv, dem Militärmusée vun Dikkrech, der Nationalbibliothéik, dem nationale Geschichtsmusee, dem CNA zesummegestallt konnt ginn an duerch zwou Installatiounen vun de Videoartisten Chiara Ligi an Mauro Macella beräichert gëtt. Vernissage ass den nächsten Dënschdeg um 19 Auer an der Diddelenger Gare-Usine.