Contemporary history of Luxembourg

Fo'er an de Sixties: Vu Boxeren a Fritten

9 September 2023

Fo'er an de Sixties Forum Z

© Weyerdesign, 1969

Op dësem Forum Z diskutéieren mer iwwert wat et op der Schueberfouer an den 1960er ze gesinn an ze di gouf.

Op dësem Forum Z diskutéieren mer iwwert wat et op der Schueberfouer an den 1960er ze gesinn an ze di gouf. Wat war deemools populär? Wat hunn d‘Leit giess? Wéi war et fir d‘Lampertsbierger Kanner esou no bei der Fouer ze wunnen? Wéi war et fir Forainskanner op der Fouer hir Vakanz ze verbréngen? Wat huet d’Stad Lëtzebuerg mat der Fouer ze dinn? An nach vill méi kënnt der an engem entspaante Kader lauschtere kommen a mat diskutéieren.

Den Theema vun dësem Forum Z baséiert op enger Dokteraarbecht iwwer déi national, transregional an transnational Verflechtungen um Beispill vun der Schueberfouer vu 1945 bis 1975 a wéi sech dës Verflechtungen an dësem Zäitraum verännert hunn.

 

Samsdes, 9. September 2023

9.30 – 11.30

An der Flesch, Schueberfouer/Glacis

Sprooch: LU

Fir Kaffi a Schnittercher ass gesuergt.

 

Programm

Introduktion vum Ass.-Prof. Dr. Denis Scuto (C²DH)

 

Diskussioun:

  • Véronique Faber (C²DH)
  • Liette Majerus (eh. Centre d’Acceuil pour enfants des forains)
  • Charles Hary (Fédération Nationale des Commerçants Forains)
  • Laurent Schwaller (SERVICE ESPACE PUBLIC, FÊTES ET MARCHES vun der Stad Lëtzebuerg)
  • Kyra Thielen (Lëtzebuerg City Museum)

Moderation: Magali Paulus, CELL

Mat enger Live-Visualiséierung vun der Diskussioun op enger grousser Leinwand, mam Dr. Katy Fox, Mycelium

 

Join the discussion : #Schueberfouer