"De Putin huet mech maaslos enttäuscht"

D’Historikerin Inna Ganschow, déi an der Sowjetunioun gebuer ass, elo hei am Land lieft an op der Uni schafft, huet erkläert, datt vill Leit a Russland net wéissten, datt Krich wär. Mediekonsum decidéiert iwwer Meenung. Alternativ Medie wären ofgeschalt ginn. Déi russesch Gesellschaft wär och passiv ginn a géif sech fir d’Konflikter net méi wierklech interesséieren. An an der russescher Sprooch géif een den Ament de Krich net "Krich" nennen, mä just eng "Militäroperatioun". Aktuell riskéiert een, wann ee vun engem "Krich" schwätzt och bis zu 15 Joer Prisong a Russland. Eng klassesch Oppositioun, wéi mir se hei kennen, wär schwiereg. Wann ee protestéiert, gëtt ee verhaft. An awer sollt een de Widderstand an der russescher Populatioun net ënnerschätzen.

Afficher cette publication dans notre dépôt institutionnel (orbi.lu).